7. Dag
Manderscheid – Tréier
Dëst soll eisen leschten Dag sin!
Vu que datt mir jo déi lescht Nuecht esou vill konnten schloofen, haten mir zum Zil geholl, op dësem Dag och erem eng méi laang Etape anzeplangen. Mir verloosen d’Eifel, fir erem a Géigenden ze kommen, déi méi flach sin an méi no bei Lëtzebuerg leien.
Déi éischt 20 km sin dann och een leschten Geschmach Eifel: Hiwwelen, kleng Bierger, insgesamt eng ganz interessant Streck Richtung Wittlich. Den Kochi wéilt se am léifsten mam Moto fueren. D’Descente op Wittlich erof ass spektakulär. Ech mengen, hei haat deen een oder aaneren séng höchsten Vitesse vun der Vakanz. … Vlait war dat den Steve.
Wittlich, normalen Programm: Kaffi.
Ab Wittlich fueren mir dann quasi den ganzen Wee laanscht d’Musel, waat och bedeit, datt mir déi lescht 80 km iwwer flachen Terrain fueren. Mir sin dat Stéck dann och zimlech flott gestrampelt. Ëmmer erem hun mir kleng Iess- oder traditionnell Kaffispausen gemaach, deelwais waren mir mat enger stolzer Moyenne ënnerwee, een leschten Pneu huet missten gewiesselt gin (den Kochi kruut een fuschneien, äußert sportlëchen Pannenpneu, den en mëttlerweil nach ëmmer um Velo huet: deen wäer esou ästhetësch passend, hunn mir mol all fond).
Mat Drauwendoft an den Nuessläscher sin mir dunn irgendwann géinter fréihem Owend zu Tréier an der Gebuertsstad vum Karl Marx ukomm, wou dann eis Velosaventure och zu Enn goen soll. No weideren Kaffistaassen an Zuchbilletkaaferei, sin mir dunn mat der Bunn op Lëtzebuerg gefuer.
Do haaten mir dann Zait Bilan ze zéihen, an am Groußen an Ganzen waren mir frou dëss éischt Vakanz um Velo iwwerstaanen ze hun. Weider Pläng fir spéider Projet hun sech och hei schon an den Hannerkäpp vun deem engen oder aaneren manifestéiert …
Fazit vum 6. Dag:
- Velo fueren:
100 km - Distanz / Heischtenmeter:
100.3km / 1346 m - Hotel:
Home sweet home … - Iessen:
Wat et ënnerwee esou alles gouf - Nuecht:
Doheem - Divers:
Pannenpneu rulez (Edit kochi: Pannenpneu sucks)
<< Zëréck op d'Zesummenfassung










