6. Dag
Daun – Manderscheid
Mir sin nach ëmmer erschöpft, och no enger erhuelsamer Nuecht.
Et reent an hällt net op. D’Maaren stinn haut um Programm, mir besichtegen den “Gemünder Mar”. Duerno reent et erem an et reent.
Mir décidéieren haut juust bis op Manderscheid ze fueren, daat sin genau 20 km, dat packen mir. Duerch Reen an Dompeschkeet drécke mir op Manderscheid, checken an der Jugendherberg an, an gin een drénken, schreiwen Kaarten, schwäetzen domm, raschten, schloofen.
Mir brauchen Rouh. Déi kréien mir haut. Eisen Kierper seet Merci. Den Jos geet an den Maarenmusée an erkläert eis houfrësch wat et domat op sech huet. Trivial pursuit an Schloof.
Fazit vum 5. Dag:
- Velo fueren:
Middegkeet, haut rouen mir - Distanz / Heischtenmeter:
19.4km / 488 m - Jugendherberg:
Familientheater - Iessen:
Mir kruuten eppes - Nuecht:
schloofen, schloffen - Divers:
Eisen Rouhdag mat Verspéidung






