no flash / no flash plugin

 

5. Dag

Blankenheim – Daun

Mir verloossen eis Jugendherberg. Fir een Moment ass dem Marc séng Décisioun op der Kipp, well hien ee leschten Versuch wëll starten.


Mir proposéieren mat him bei den Bernd ze fueren: vlait kréien mir den Velo jo erem hin! Nom éischten Hiwwel ass dunn awer de Würfel gefall. Mir fueren orof op Blankenheim an do verabschieden mir eis dann och! Den Marc get oofgeholl.

Am alen Trio geet et weider. Dësen Dag steet eng zimlech laang Etape um Programm, mam Bierg vun Nürburg als Haaptschwieregkeet. Mee no den éischten 20 Kilometer stellen mir zum Deel dann awer fest, datt eis d’Kräften esou lues awer sécher wäerten ausgoen.

Den Jos ass den éischten deen déi Saach mam Nürburg ganz décidéiert a Fro stellt, an op der décisiver Kraitzung ass dann och den Kochi an d’Lager vun der Antinürburgfraktioun iwwergetrueden! E bessi granzëg ass den Steve schon, datt den Nürburg als Kinneksetapp elo ganz staark op der Kipp steet, mee eis gëllen Prinzipien verbidden eis een Alleinritt iwwer länger Distanzen! Gudd, hien fügt sech.
(Edit, kochi : Well mer eng Equipe sinn, war et kloer, dass kéen alleng geloos get! Nürburg war manner wichtech ewei d’Ultime zesummenzehaalen (Den Eifelgeist wollt et esou) (… ech hätt den Steve um Nürburg souweisou oofgezunn … )

Mir kierzen of duerch en Dall laanscht een Waasserfall: nëmmen dämlech Touris. Eis Kaart ass leider net genau genuch, fir awer och nëmmen am Usaatz eng Prévisioun iwwet den weideren Héischteprofil ze maen. Mir hunn deen Dag dunn awer eis Héischtenmeeter missten drécken, an zwar méi wéi wann mir iwwert den Nürburg gefuer wieren.
(Edit, kochi : Daat ass esou net ganz richtech … kiff, kiff pareil, wei et sech rausgestalt huet!)

Den Steve ass granzëg: “schaiss Oofkierzung! Nix mat relaxer Etape! Wieren mir iwwer den Nürburg gefuer, hätten mir wéinsten gewosst, waat op eis duer kënnt, hei fëschen mir am Dréiwen!” Den Jos gesait déi Saach ahnescht, hien ass zwar net happy, datt et zuelenméisseg méi Bierger si, mee dofir ass net alles un engem Stéck. “Da mach Pausen.” “Nee. Dat mecht kee Spaass.”
(Edit, kochi : Den Steve war richtech granzëg, … keen Witz!)

An engem Schnellstroossimbiss get giess, d’Idyll vun der Eifel huet och nogeloss: Schnellstroossimbiss, e bessi Fernfahrerromantik! Golf 2 an Industrigebid als Aussichtspunkt. Dem Jos sain éischte Platten get gefléckt; stuer wéi hien ass, léisst hien sech natierlech naischt soen, punkto Flécktechnik.

Mir kulleren erof op Daun. Daun ass langweileg. Mir buchen een faulen, langweilegen sténkechen Hotel, iessen am Burghof. Bei Béier bessert sech d’Laun dann irgendwann. Den Kochi kritt een mistériösen Uruff, deen dann och dozou Ulaies get ze prosten. No leschten Cocktails an engem lichten Gefill vun Alkoholémie trëllen mir erschöpft an d’Bett.



Fazit vum 5. Dag:

  • Velo fueren:
    Middegkeet, Frustratioun, Kinneksetapp adé
  • Distanz / Heischtenmeter:
    51.7km / 1187 m (Steve: ech wëll et net wëssen)
  • Hotel:
    Schlofen ass méiglech, och hei
  • Iessen:
    Imbiss & Vegi
  • Nuecht:
    “egal ech pennen”
  • Divers:
    Ende gut alles gut

elevation_graph_20090722

Eifel!

Eng kleng Paus an der Eifel.

Daat ass net Nürburg!

Do waren ganz vill (Amiperas) Touristen.

Ohh, ...en Wasserfall ...

Schnell fort, an mol al dei Touristen iwerhuellen ...

Drenk mol nach een ...

Bass du elo Frou?

Spieglein, Spieglein ...

 

weider >> 6. Dag