4. Dag
Rurberger See – Blankenheim
Em sechs Auer moies maen den Marc an den Steve mol een Tour iwwert den Camping, well si net schloofen konnten.
Bessi Diskutéieren iwwert Campingskultur an Schloofstéierungen. Wéi mir dunn endlech all erwäscht waren, sin mir bei Zieglesch gerannt fir erem ze futteren. Dem Marc sain hënnescht Rad huet schon méi eng fett Aartchen wéi dem Kochi saint. Wann dat soll gudd goen? Am Fong wollten mir haut pausen…
Bei Zieglësch huet den Kochi een eischten Platten, mir schloen eis d’Panz voll an bretteren erem deen nämlechten Wee laanscht den Rurberger Séi Richtung Nettersheim. Den Marc wot zwou phänomenal Echappeën. En Kierper an Symbiose mat sengem Drotiesel deen sech offensiv an den neien System integréiert.
Zu Nettersheim, no engem agreablen an gemitterlechen Tierchen Velo bei Glace an Kaffi trennen mir eis. Den Jos an den Marc wëllen an irgendeen Musée, an den Kochi an den Steve sichen een Velosgeschäft: mir brauchen juust een neien Schlauch fir an den Pneu. (Den Marc hätt besser mat eis ze fueren, well seng Aartchen entwéckelt sech präschteg weider, mee … si wëllen an den Musée.)
Den Kochi an den Steve strampelen op Engelgau, mir kruuten gesoot, do wier een Velosbastler. Mir fannen eist Geschäft; den Steve ward virun der Dier, well den Kochi brauch jo juust een Schlauch; “firwaat bréngt den Kochi den Borscht vum Buttek dann elo mat virun d’Dier? Äentwert: mir hun et mat engem Freak ze din!” 3 Stonnen dauert eisen Schlauchkaaf. Den Borscht hëllt dem Kochi sain Velo auserneen, hien fënt dem Kochi sain Changement mega, fléckt seng Aartchen och nach, den Buttek voller Leit, mee den Borscht, Bernd heescht en, bastelt um Romain sengem Velo.
Zur Erklärung: den Bernd, eisen Velosfreak schwätzt Lëtzebuerg, huet och do gelieft, war Vizepresi an engem Motosclub, an schéngt eis sau sympathesch ze fannen. Hien fléckt net nëmmen dem Kochi sain Velo, nee, hien huet och eng ganz speziell Art a Weis een Gaschäft ze féieren. Seng Client’en kennt hien all, iwwerall leien Saachen, et gesait aus wéi an engem rëffeschen Atelier, et muss een immens gudd sin, fir sech am Chaos eremzefannen. Iwwerall leien Schrauen, Velosstécker, am Hannengrond knattert een alen Radio. Iwwerall al an hallef zesummengebastelt Velo’en, Metalstécker, Ueleg, Bicher aus den 80er Joeren iwwer Velofuertechniken. http://www.marzi-fahrrad.de/index.html
Irgendeeen Papp wëll senger Dueschter een Velo kaafen: “Nee wir haben keine Fahrräder,” war dem Bernd seng Äentwert. “Aber das Geschäft steht voll!, sot den Papp verblüfft. Den Bernd: “Ach nee, was da draußen steht, ist alles Schrott! Die Räder nehmen wir nämlich ganz auseinander und bauen sie dann wieder zusammen. Neue Fahrräder kommen frühstens im September.” Esou vill zum Bernd sénger Aarbeschtswais an Verkaafsphilosophie. En herrlëscht Géigenbeispill zum modernen Verdrängungsmarché.
Géint 6 Auer kommen mir dann endlëch zum leschten Akt vun eisem Geschäftsbesuch, zum Bezuelen. Ganzer 22 € méi spéid, d’Main d’oeuvre war och no der drëtter Kéier nofroen nach ëmmer geschenkt, hun mir eis dunn vum Bernd verabschiedet, an sin nach ëmmer bessi verwonnert Richtung Blankenheim gestrampelt; dem Bernd séng Aarbeschtsphilosophie huet eis staark beandrockt an reegt kreativ Gedanken bei eis un. Hoffentlech hunn den Jos an den Marc eis d’Jugendherberg besuergt. Den Steve ass happy well hien Kettenfett geschenkt kruut vum Bernd.
Blankenheim: eng wonnerschéin Jugendherberg uewen am Schlass. Den Marc an den Jos warden op eis, wéi mir ritterlësch an den Haff bei der Jugendherberg eranfueren. Eis Velo’en kréien eng Garage, eis Kleeder gin gewäsch, mir ergötzen eis un der phänomenaler Dusch, an sichen erem no Mofëllung! Blankenheim ass och ausgestuerwen, mir fannen een Fastfoodresto, wou et XXL Schnitzel gin.
Virum Iessen bei Eifeler Landbier naturbelassen, beischt den Marc eis schwéieren Häerzens, datt hien den Dag duerno erem wëll heem fueren. Den Velo ass hinüber, d’Aartchen ass mëttlerweil eng Aart, an hien gesteet eis och, datt mir ze schnell fir seng kierperlech Konditioun sin. Zitat: “Ech paiffen aus dem leschten Lach.” Mir fannen dat schued, schwäetzen nach bessi mateneen, fannen dat gudd datt hien awer haut matgehalen huet, an op d’Zänn gebass huet, an verleën déi endgülteg Décisioun vum Marc séngem Récktrëtt op den nächsten Dag. Bei Schnitzel, Béier an animéierten Gespréischer iwwer Ökonomie, McDonaldiséierung an IKEA-Service (den Klient schafft mat) lossen mir den eraignisraischen Dag auskléngen. Mir fillen eis präschteg. Ajo, den Musée war anscheinend zou wéinst Renovatiounen.
Fazit vum 4. Dag:
- Velo fueren:
zu véier awer net méi séier, den Rouhdag ass gestrach - Distanz / Heischtenmeter:
50.3km / 980 m - Jugendherberg:
Familiär, an Besëtz vum Eifelgeist - Iessen:
een Schnitzel XL - Nuecht:
geschloff an gedreemt wéi een jonken Prënz - Divers:
dem Marc sain Velo ass zimlech bedürfteg, mir sin dem Eifelgeist begéint. Et ass net den Bernd.
















