3. Dag
Kronenburg – Rurberger See
Mir erwäschen em 8 Auer moies am Hotel, an krauchen erof bei d’Moiesiessen! Alles wat een sech erwënscht: besser genährt huet nach kee vun eis een Hotel verlooss.
Bei Kaffi, Uebst, Müsli, Brout, Eer, Zossis, Haam, Kéiss, an natiirlech onbegrenztem Kaffi eng frësch Zeitung bei däerer Lektüre een liichte Stolz eis iwwerkënnt, wéi mir den Exploit vun den Gebridder Schleck bei der Tour de France noliesen. Acacio da Silva an Eddy Merckx war geschter, haut ass Schleck.
Mir fuere Richtung Hohes Venn, erop op iwwer 600 Meter Héicht. Bësch, Wisen an esou eppes wéi Gipfelatmosphäre. Eng spektakulär Descente (eng ganz subjektiv Perspektiv, fir een deen Bierg erof am léifsten mat Rücktritt bewältegen géif).
D’Zil vun eiser Dagesetapp ass den Rurberger Séi, ee riese Stauséi mat drai Äerm an engem Naturschutzgebidd nordlëch vun eis geléen. Mir fueren laanscht den südlechsten Aarm Richtung Rurberg. Schéinen Ubléck, rouëg, e puer Pausen, 16:00 Auer, Etapenzil ereescht. … Wien hat geduecht dass mir nach gefillten 3,5 Stonnen weider am Suedel géifen sëtzen? Eng Rei vun onerwaarden Zoufäll huet et mat sech bruecht. Ze faul fir an den Infozenter no der éischtbeschter Pensioun oder Camping ze froen, hun mir eis an den Kapp gesaat an d’Jugendherberg ze fueren; do waren mir jo nach net an deser Vakanz! “Das geht da rauf, ein paar Kurven, dann seit ihr da… “. Sau relax.
Ennerwee begéinen mir engem Motorradfuerer deen stänneg op däer Serpentinenstrooss erop an erem erof braast! “Dëlpes. Muss de hei déi arm Touris an Gefor bréngen.” “Quatsch daat ass cool.” Mir sin eis net eens.
A Wierklechkeet waren et 150 Héischtenmeter erop, mee de Kochi an de Steve wollten awer do erop, well et Spaass mecht, an et ennerwee.lu zu engem echten Challenge gin ass, do uewen un ze kommen. Ennerwee konnte mir dunn och eis Meenungsverschiddenheeten iwwer Motoradhennëssen ausdiskutéieren. Den Jos meckert, huet kee Bock erop ze drécken, “do ass bestëmmt nëmme Pampa”, hien sollt Recht behalen, mee trotzallem get et Snickers, Cola, an nëmmen Kanner …. D’Descente war erem spektakulär, an wéi ëmmer kënnt den Steve am Rücktrittfreestyledescentemodus als leschten ënnen un. Trotzdem peschen d’Mécken am Brëll, a weider geet eng komplett onstrukturéiert Sich no Schloofgeleegenheeten. 1. Pensioun: “nee, nur noch ein 3-Bett Zimmer.” Den Marc soll jo haut ukommen, also wieren mir zu véier. 2. Pensioun: “Nee seit Wochen ausgebucht!” 3. Pensioun: “na muss ich meine Frau fragen, wenn ich jetzt umdisponier’, krieg ich Ärger!” 1. Camping: ze propper. Verdächteg! 4. Pensioun: wou soll daat sin? Jägerhof Hotel: “nee wir sind ausgebucht.” An teschenzait schon erem 200 Héichtenmeter iwwert d’Rurberger Hallëfinsel gepirscht, a mëttlerweil huet och dem Jos sain Touristinfo zou. Mir hu verdammten Honger. Alt erem mëttes naischt giess. Frühstück sei schuld. Hoteller komme net méi an Tuut, also bleiwt eis de Gemeindecampingplatz: eng bessi granzësch Tatta weisst eis wou mir eist Zelt können opriichten, vill ze deier fir dat wat mir hei kréien.
Den Camping ass net wirklech genial, et ass liicht dreckëg, bessi verlottert, Caravannen sin zesummen bebastelt, an zu eisem Erstaunen campéieren hei juust Daitscher. Wat mir do erliewen ass eng interessant Form vun kultureller, sozialer, fir net ze soen, gesellschaftlëcher Campingssegregatioun (Heilhauser Mühle waren jo nëmmen Nederländer); Camping als Trennungsfaktor fir Nationalitéiten. Mir riichten op. Den Marc könnt och graad un, no bessi Sichen fënt hien eis awer. Mir sin auserhéngert, strécken eis Veloen séier un, an gin op d’Sich no Futter. Mir fannen gottseidank nach een Hotel, wou d’Kichen op huet. Bei Zieglësch; eng ural hippend ziddrësch Fra huet eis empfaang. Dat do ass esou eng Fra, déi bis zu hierem Doud nach weider schafft.
Mir iessen wéi d’Cheffen, de Kach mecht eis Fritten no. Spontan décidéiere mir och eist d’nächst Moiesiessen bei Zieglesch ze plangen. Mir huelen zwee lescht Béieren bei den Strackien vum Jägerhof, (do wou mir mëttes keen Zëmmer méi kruuten), an zu eisem Erstaunen kennen si eis schon. “Ach ja, die vier Radfahrer. Willkommen.” Well mir den halwen Mëtten iwwert d’Hallefinsel gedonnert sin, an all Pensioun duerchlaf sin, si mir och elo nach bekannt an dësem Kaff. Toll. Mir schleefen eis heldentümmlech an d’Zelter!
Den Marc kann net pennen! Aie aie.
Fazit vum 3. Dag:
- Velo fueren:
mir gin waarm, mee mir mussen méi iessen am Dag - Distanz / Heischtenmeter:
70.4km / 1198 m (méi wéi geplangt, definitiv) - Camping:
Gebastelt, wéinstens botzen si d’Toiletten - Iessen:
Küche à la Ziegler, niam - Nuecht:
e wéineg Schloof, enk, et reent alt erem - Divers:
em Marc sain Velo ass bessi altertümlesch am Verglach zum Jos sengem Schlampenbike















