no flash / no flash plugin

 

2. Dag

Heilhauser Mühle – Kronenburg

Et reent, et huet an der Nuecht gereent, et reent och moies. Trotzallem hu mir Hoffnung wéi dann awer e puer blo Flecken den Himmel lues a lues anhuelen.


Mir paacken an. Den Jos huet sech graaad an deem Moment an den Café verkroch, fir Kaffi ze drénken (hien kann moies net ouni Kaffi, ouni Kaffi ass hien schlecht ze erdroen, esou datt et besser ass, hien drénkt Kaffi an léisst eis apaacken). Mat héicher Vitesse renne mir lass Richtung Prüm. Wéi mir do ukommen, sin mir auserhéngert. Wahrscheinlech hu mir den Feeler gemach moies naischt giess ze hun, well mir esou wëll waren op Velo fueren, an den Moment ouni Reen wollten notzen; mee dat däerf bei Ufänger firkommen, mir erweisen eis als léierfäheg.

No e puer Bréidercher an dem drëtten Kaffi op der Tankstell geet et Richtung Kronenburg. Reen, Sonn, Kresi, Schlacken, Aartercher am hënnëschten Rad. Aus Verzweifelung mellt sech den Kochi beim Dr. Schutz, deen natiirlech onmëttelbar zeréckrifft, fir de Kochi ze berouegen. “Fuer esou laang wéi keng Speegel ofbrëcht.” Den Kochi ass berouëgt an klëmmt erem op sain Sëlwerfeil, an et geet weider duerch den Bësch, op den zweethöchsten Punkt vun eiser Tour. Dem Jos seng Erfahrungen am Bësch léisen bei him drolësch Bewosstsinszoustänn aus: hien denkt, hien hätt en Mountain Bike! Mir lossen hien am Glawen, hien hätt een Mountain Bike mat Sliks.

Nom Bësch an den Stäng geet et eroof Richtung Stadtkyll (do wollten mir net bleiwen) an duerno op Kronenburg. En idyllëscht klengt historëscht Nascht, uewen op engem Bierg, eng Mëschung aus Festungsgeméier an alen restauréierten Buergdeeler. Vun waitem ee mäschtegen Ubléck. Mir hate schon am Virfeld entscheed, déi nächsten Nuecht an enger Pensioun oder Hotel ze verbréngen, Haaptsaach net am Reen. Um Fouss vun Kronenburg froe mir an enger klenger Pensioun no, mee leider ass alles ausgebucht. D’Svenja aus der Pensioun huet eis awer nach eng Schloofgeleegenheet organiséiert, an zwar uewen um Bierg zu Kronenburg. Mir soen dem Svenja brav merci, wollten och een Kaffi bei him drénken, mee leider woar den Cafébuttek nach net op.

Mat leschter Kraft drécken mir déi gefillten 16% Steigung erop op Kronenburg. Waat eis douewen erwaard, ass een schéinen, propperen, gudd biergerlëschen Hotel. Eis Velo’en, déi optësch gelidden hun, kréien eng Parkplaatz op der Terrasse, mir maachen eis et virun der Dier op den Bänken bei “Eifeler Landbier naturbelassen” gemittlësch. Saachen wäschen, Kierperen wäschen an ab an den Resto. Eis Entdeckung : den Eifelgeist. Dëss Nuecht war erhuelsam. Den Marc huet sech eng eischter Kéier gemellt.



Fazit vum 2. Dag:

  • Velo fueren:
    ech hun dach keen Mountain Bike
  • Distanz / Heischtenmeter:
    50.4km / 961 m
  • Hotel:
    schéin, propper, Kitsch, Eifelgeist & Landbier
  • Iessen:
    net genuch mee gudd
  • Nuecht:
    rouëg, erhuelsam, waarm
  • Divers:
    den José mengt hien gätt een Mountain Bike

elevation_graph_20090719

Ëmmer den Schinnen noofhueren ..

Jo, jo ... Kresi ...

Dreamteam ;)

Blowing in the wind ...

Eifelbier rocks!

Dat war eis Buerg (Hotel)

Waat eng entspannend Landschaft ...

An hei e puer Fragmenter vun der eigentlecher Buerg ...

 

weider >> 3. Dag