1. Dag
Dikrech – Heilhauser Mühle
Mir wëssen net esou richteg wat eis erwaard. Nach ni sin mir mat engem Velo gefuer, deen 15 bis 20 Kilo méi wait, an schon guer net 60 km am Dag iwwer Hiwwelen…
Mir sin selwer gespaant, sëtzen am Zuch fir op Dikkrech an beschwätzen déi lescht Detailer an eis gëllen Reegelen, déi eis sollen Struktur gin, ier mir eis op d’Strooss wohen. No enger leschter Taass Kaffi op enger Terrasse an der Foussgängerzon maen mir eis dann Richtung Daitschland via Vianden. Déi eischt kleng Hiwwelen gin zwar mat Bravour gemeeschtert, an trotzdem sinn mir erstaunt, wat esou bessi Gepäck dann awer kann ausmaen (mir verspriechen, daat hei ass déi leschten Kéier wou mir iwwert eis Gepäck schreiwen, mee et muss einfach gesot gin, och am Wëssen datt dat eis elo eng Woch laang wäert begleeden, … dat Gepäck).
Den éischten Deel vun eiser Etape ass dann och een Mix aus Biergerop an klengen Pausen, bis mir op Neuerburg ukommen, e klengt Stiedchen waat fuerchtbar déif am Lach lait, emgin vun géien Bëschhäng. Mir rennen erof (den Kochi an den Jos viraus; den Steve mecht nach bessi méi lues well en ganz ënnen ukommen wëll) an maen eis et op enger Terrasse bei … Kaffi, gemittlech an sin glaischzaiteg erstaunt, dass all aner Geschäfter zou hun. Esou vill zu flexibiliséierten Aarbeschtszaiten an eisem Noopeschland. D’Serveuse schwätzt lëtzebeuergësch, … mir fueren weider.
Mir maen mir eis weider um Kresi Richtung Arzfeld-Waxweiler, op engem faux plat deen sech zid. Zu Arzfeld décidéieren mir spontan op engem Camping ze iwwernuechten, deen bei enger aler renovéierter Millen am Dall vun der Prüm bei Waxweiler lait. Glécklech eisen eischten Dag gepackt ze hun, können mir eis eng eischt Belounung net verknaifen: een klengen kalen Béier. Nodeems mir eist Zelt obgeriicht, déi eischt Dusch bezuelt hunn, freën mir eis op een gudd Iessen an philosophéieren iwwer Sexability an den Mëttdrësseger.
Em 10:00h schlofen. D’Zelt ass enk, an get beriselt vun Reen, et get geschnarcht, an et riicht penetrant no Muskelentspaanungscrème. Ganz vill Erhuelen ass hei net ugesot. Whatever, et muss een derduerch.
Fazit vum 1. Dag:
- Velo fueren:
et geet trotz Hiwwelen - Distanz / Heischtenmeter:
57.2 km / 1247 m - Camping:
nëmmen hollänesch Matbierger, propper - Iessen:
en Genoss - Nuecht:
onrouëg, enk, naass, - Divers:
den José fënnt sain Velo immens gail









