no flash / no flash plugin

 

EIFEL 2009 (lu)

D’ass erëm Zäit ginn vir eng nei Aventure. D’Zelter sinn gepackt, den Wee geplangt an un Motivatioun fehlt et net ! Dës kéier sinn et den Kochi, Steve an den Jos an den Marc (den Marc ass leider net mat eis komm, hien ass awer een Dag mat eis gefuer, mee dozou spéider méi), déi sech op hier eicht richteg Vëlosvakanz virbereet hunn.

 

Déi Rees kleng zwar op den éischten Bléck no näischt, mais vir een deen nach ni eng Woch laang mam Vëlo & Gepäck ënnerwee war, ass dat mat Sécherheet en Challenge … Jiddefalls geet et an déi Däitsch Eifel. An Etappen vun 60-100Km pro Dag sinn virgesinn.

Ob een also als Vëlos-Ufänger wierklech esou eng Vakanz mat dach zimlech vill Heichtenmeter packt, kennt der elo an Form vun engem Reesbericht op dësen Säiten noliesen …

Mir sinn elo zeréck an hun eis Geschichten an Erfahrungen opgeschriwwen. Dag fir Dag wëllen mir déi wichtegst Evenementer an Momenter festhalen.


An daat sinn mer gefhuer: