Eifelgeist Tour 2009 12th September 2009 | kochi
Mir haten null Spass, sinn eis stänneg an d’Hoer komm, alles Schäiss, an virun allem hat jiddereen Recht. … wat eng scheis Vëlos-Vakanz.
Du gléws eis net?
Fann et selwer eraus …, dem Steve, Jos an dem Kochi hiren Reesbericht ass elo online. … An net alles war schlecht
…
Mir hun et iwerlieft ! 1st August 2009 | kochi
Tatsächlech hunn mer eisen Plang duerchgezunn; net schlapp gemaach ; … an virun allem liewen mer nach.
Eisen Rees-Beicht as quasi fäerdeg, … also gëtt et geschwënn d’Eifel(Geist) Story hei online ze liesen.
Stay tuned !
Geschwënn erëm ënnerwee … 16th July 2009 | kochi
D’ass erëm Zäit ginn vir eng nei Aventure. D’Zelter sinn gepackt, den Wee geplangt an un Motivatioun fehlt et net ! Dës kéier sinn et den Kochi, Steve an den Jos an den Marc déi sech op hier eicht richteg Vëlosvakanz virbereet hunn.
Déi Rees kleng zwar op den éischten Bléck no näischt, mais vir een deen nach ni eng Woch laang mam Vëlo & Gepäck ënnerwee war, ass dat mat Sécherheet en Challenge … Jiddefalls geet et an déi Däitsch Eifel. An Etappen vun 60-100Km pro Dag sinn virgesinn.
Ob een also als Vëlos-Ufänger wierklech esou eng Vakanz mat dach zimlech vill Heichtenmeter packt, kennt der hoffentlech geschwënn an Form vun engem Reesbericht op dësen Säiten noliesen …
… d’Vëloen sinn jiddefalls schon gepaakt
edit: den Marc kann sech leider nëmmen 2 Deeg unschleissen
André et Guy au pays de Mohamed 6 3rd March 2009 | kochi
Den ënnerwee.lu Website ass een Bericht mei raich ginn. (Des Keier op Franseich).
Den Änder an den Guy hun hier Velo’s Vakanz am Maroc an Wieder gefaast an eng weider Aventure ass elo hei ze entdecken :
André et Guy au pays de Mohamed 6
Vill spass beim liesen an kucken !
we are back … 15th January 2009 | kochi
Marokko ass genial !
Ouni Zweifel, sinn dei endlos wirkend Marokkanesch Wüsten mat hieren wonnerscheinen Sonnen-Ennergäng an -Opgäng grandios an emwerfend ewei naicht verglaichbares ze Lëtzebuerg.
Leider huet eis Expeditioun en Enn fond ewei eisen Support-Vehicule ( Defender) noo enger klenger Fehlaschätzung vum Pilot um Oued Gir gescheitert ass.
Mei Informatiounen get et demnächt op ennerwee.lu,
Stay tuned.





